Eurovision Song Contest 1991
36. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 36. Eurovision Song Contest war de 4. Mee 1991 an Italien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Studio 15 de Cinecittà zu Roum. Presentateure waren d'Gigliola Cinquetti, d'Gewënnerin vum Grand Prix vun 1964 an den Toto Cutugno, Gewënner vum Grand Prix vun 1990.
36. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 4. Mee 1991 |
Stad | Roum (Italien) |
Gebai | Studio 15 de Cinecittà |
Gewënner | Carola (Schweden) |
Zuel vu Länner | 22 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Gigliola Cinquetti an Toto Cutugno |
Interval Act | Arturo Brachetti |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Am Ganzen hunn 22 Länner matgemaach. Holland a Monaco waren net dobäi. Duerch d'Abstinenz vun Holland hat Malta endlech d'Geleeënheet zanter 1975 fir d'éischt nees matzemaachen.
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, den Thomas Forstner fir Éisträich 1989, de Stefán Hilmarsson (Deel vu Stefán & Eyfi) fir Island 1988 (Deel vum Grupp Beathoven), den Eiríkur Hauksson (Deel vu Just 4 Fun) fir Norwegen 1986 (Deel vum Grupp ICY, Island), d'Hanne Krogh (Deel vu Just 4 Fun) fir Norwegen 1971 a 1985 (Deel vum Grupp Bobbysocks) an d'Carola fir Schweden 1983.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Roum matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Carola Häggkvist mat de selwechte Punkte wéi den Zweeten, d'Amina Annabi (Frankräich). Déi drëtt Plaz krut den Duo Datz, dee fir Israel ugetruede war.
Well Schweden a Frankräich allen zwee 146 Punkte kruten, gouf d'Reegel ugewannt, déi 1989 agefouert gi war, dat bei Gläichstand d'Zuel vun den 12-Punkte-Wertungen an duerno d'Zuel vun den 10-Punkte-Wertungen de Gewënner bestëmme sollten. Béid Länner hate véiermol 12 Punkte kritt, awer Schweden hat fënnefmol 10 Punkte kritt a Frankräich nëmmen zweemol. Domat war Schweden de Gewënner. Dës Gläichstands-Reegel ass 2004 geännert ginn, no där den Total vun de Wäertungen egal wéi héich se war, de Gewënner bestëmmt. Domat hätt da Frankräich gewonnen, well et vun 18 Länner Punkte kritt hat a Schweden nëmme vu 17 Länner.
Fir Schweden war et déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.