Fernand Franck
Bëschof vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernand Franck, gebuer de 6. Mee 1934 zu Esch-Uelzecht, ass Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.
Fernand Franck | |
---|---|
Gebuer |
6. Mee 1934 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Den 29. Juni 1960 gëtt de Fernand Franck zum Priister geweit. Hie war Kaploun zu Déifferdeng-Fuussbann (1960-1971), Paschtouer a Clausen (1971-1977) a vun 1977 un zu Roum, ënner anerem als Generalsekretär vum peepstleche Wierk fir d'Verbreedung vum Glawen.
Den 21. Dezember 1990 gëtt hien zum Bëschof vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg ernannt. Den 2. Februar 1991 weit säi Virgänger, den deemolegen Äerzbëschof Jean Hengen, de Fernand Franck zum Bëschof.
Den 29. Juni 2011 gouf de Fernand Franck am Bistum Tréier zum Éierekapitular (Éierendoumhär) am Tréierer Doumkapitel ernannt[1].
De Fernand Franck ass Grand prieur vun der Lëtzebuerger Kommandantur vum Ritteruerde vum hellege Graf[2],[3] a President, zanter 2006, vun der Kaiser-Karl-Gebetsliga für den Völkerfrieden[4]
De 16. Oktober 2011 gëtt de Jean-Claude Hollerich zu sengem Nofollger geweit.[5]