Fluchhafe Lëtzebuerg
Fluchhafe vun Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell Aéroport de Luxembourg genannt, läit um Findel ronn 7 km[1] nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.
00 | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel | ||
---|---|---|
D'Aerogare am Abrëll 2022 | ||
Lokalisatioun | ||
IATA-Code | LUX | |
ICAO-Code | ELLX | |
Land | Lëtzebuerg | |
Distanz zum Stadzentrum | 6 km ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg | |
Héicht | 376 m | |
Basisdaten | ||
Typ | Ëffentlech | |
Opgaangen | 1947 | |
Bedreiwergesellschaft | Société de l'Aéroport de Luxembourg S.A. | |
Terminalen | 2 | |
Statistik (2015) | ||
Passagéier | 2.687 086 | |
Fracht | 737.625 t | |
Fluchbeweegungen | 84.222 | |
Bunnen | ||
Numm | Längt | Belag |
06/24 | 4.000 m | Asphalt |
Koordinaten | 49° 37' 35.67" N 06° 12' 41.46" E | |
D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi 2001 gegrënnt gouf, an zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi demMinistère de la Mobilité et des Travaux publics kuerz MMTP ënnerstallt ass, an déi aus der Administration de l'aéroport entstanen ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Administration de la navigation aérienne.
D'Luxairport exploitéiert haaptsächlech d'Terminalen A a B, de GATT an den ale Cargozenter. Se këmmert sech och ëm den Entretien vun de Clôturen an de Schibe- an Dréidieren an ëm d'Zougangskontrollen op de Site.
Um a ronderëm de Findel, schaffe fir de Fluchhafen direkt an indirekt eng ronn 6000 Leit. Am grousse Ganze sinn awer eng gutt 20.000 Aarbechtsplazen ofhängeg vun de Fluchhafenaktivitéiten um Findel. Dofir zielt dëse Wirtschaftspilier 2014 mat senge 4,88 % vum PIB, zu engem wichtege Faktor vun der Ekonomie am Grand-Duché.
Den internationale Fluchhafe vu Lëtzebuerg ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.
Am Passagéierberäich, gouf de Fluchhafe wärend der Summerzäit 2014, vun 22 Fluchgesellschaften ugeflunn. Domat gouf et an der Haaptsaison, net manner wéi 84 Reesdestinatiounen iwwer 24 Länner verdeelt.
Wat d'Wanterzäit 2014/15 dogéint betrëfft, gëtt et just 10 Fluchgesellschaften. Dowéinst gëtt et tëscht dem 25. Oktober am 30. Mäerz, nëmmen 41 direkt Destinatiounen a 16 verschidde Länner.
D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer.
Den Terminal A mat enger Bruttofläch vun 43.400 m2 , a mat enger 5000 m2 grousser Glasfassad ass d'Haaptgebai. Dobäi kënnt, datt d'Aerogare mat 26 Offäerdegungsguichete wéi och mat 18 Passagéierausgäng ekipéiert ass. Op den zwou Säite vum Offäerdegungsberäich ass e Sécherheetsberäich.
Beim Terminal B gëtt et weeder en eegenen Offäerdegungsberäich, nach een onofhängegen Arrivéesberäich. De Sécherheetsberäich ënnerläit och der Infrastruktur vum Terminal A.
An dëser 156 Meter laanger Annex sinn 10 Passagéierausgäng, déi op zwou Säite vum 14 Meter breede Gebai opgedeelt sinn.
Zousätzlech gëtt et och nach en Terminal fir Privatjetten. Dësen Terminal funktionéiert autonom, an ass domat ganz vun de reschtleche Passagéieraktivitéite vum Findel ofgetrennt.
Dernieft gëtt et fir d'Cliente vum Luxairport eng 7600 Parkplazen. Dovu si 4080 Plazen an engem ënnerierdesche Parkhaus op véier Stäck verdeelt.
Am Frachtberäich huet de Luxair-Cargozenter eng maximal Capacitéit vun 1 Millioun Tonne Wueren am Joer. Enn 2014, hunn eng 13 verschidde representéiert international Cargo-Fluchgesellschaften de Findel ugeflunn. Doriwwer eraus ass en unhand vu sengem Tonnage, als fënneft gréissten Acteur um europäesche Maart klasséiert. Eng zousätzlech nei Aktivitéit am Logistikberäich vum Fluchhafen ass zanter 2014 den High Security Hub, eng Fräihandelszon an en ofgeséchert Tëschelager fir Wäertsaachen.
Am Süde laanscht d'Pist, steet de grousse Cargolux-Maintenancezenter.
De Fluchhafe Lëtzebuerg huet eng 4000 × 60 Meter laang Pist, wat eng vun de längste Pisten a ganz Europa ass.