Gambia (Floss)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gambia ass e Floss a Westafrika. Seng Quell läit am Biergmassiv vum Fouta-Djalon am Norde vu Guinea, wou och d'Flëss Senegal an Niger entsprangen. Duerno fléisst en duerch de Senegal, ënner anerem duerch den Niokolo-Koba-Nationalpark. Op där Streck hëlt en e puer grouss Niewefloss op, dorënner den Niokolo Koba, den Niéri Ko an de Koulountou. Spéider kënnt nach de Sandougou dobäi.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Gambia. Fir d'Land, kuckt wgl. Gambia. |
Séier Fakten Längt, Debit ...
De Gambia bei der Banneninsel Janjanbureh Island (Gambia) | |
Längt | 1 150 |
---|---|
Debit | 149[1] |
Fläch vum Baseng | 69.931 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Labé |
Héicht | 438 |
Konfluenz | |
Leeft an | Atlantik |
Plaz | Banjul |
Héicht | 0 |
Koordinaten | 13° 28’ 00’’ N 16° 34’ 00’’ W |
Geographie | |
Land |
Guinea Senegal Gambia |
Zoumaachen
Bei Fatoto ass d'Staatsgebitt vu Gambia erreecht. Bei der gambescher Haaptstad Banjul fléisst de Floss Gambia an engem Estuaire an den Atlanteschen Ozean.
- De Gambia am Niokolo-Koba-Nationalpark (Senegal)
- Pirogen um Gambia bei Juffure (Gambia)