Gemeng Kiischpelt
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Kiischpelt ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëlwerwolz.
Séier Fakten Kiischpelt, An anere Sproochen ...
Kiischpelt | |
---|---|
D'Märei zu Wëlwerwolz | |
An anere Sproochen |
fr: Kiischpelt de: Kiischpelt |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Chef-lieu | Wëlwerwolz |
Buergermeeschter | Yves Kaiser |
Awunner | 1.260 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 3.358 ha |
Héicht | 295 m |
Koordinaten |
49° 59’ 31’’ N 6° 0’ 22’’ O |
LAU-Code | LU0805 |
Websäit | https://kiischpelt.lu/ |
D'Gemeng Kiischpelt (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
Zoumaachen
D'Gemeng ass de 14. Juli 2005 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz entstanen a besteet zanter dem 1. Januar 2006[1]. Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft droen: „de Kiischpelt“ heescht dee Streech, an deem d'Uertschafte vun der Gemeng leien.