Gemeng Schengen
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Schengen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rëmerschen.
Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Gemeng Schengen | |
---|---|
Schrëft op der Märei vu Schengen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schengen de: Schengen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Rëmerschen |
Buergermeeschter | Michel Gloden |
Awunner | 5.196 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 31,42 km² |
Héicht | 302 m |
Koordinaten |
49° 28’ 12’’ N 6° 21’ 36’’ O |
LAU-Code | LU1206 |
Websäit | http://www.schengen.lu |
Zoumaachen
Se ass virun allem fir d'Schengener Ofkommes bekannt, dat do ënnerschriwwe gouf. Wéinst dëser Bekanntheet ass d'Gemeng den 3. September 2006 ëmgenannt ginn, virdrun hat se den Numm vun der Uertschaft Rëmerschen. Op den 1. Januar 2012 huet Schengen mat hiren Nopeschgemenge Welleschten a Biermereng fusionéiert. Den Numm vun der Gemeng ass weiderhin „Schengen“.