Schengener Ofkommes
éischt Etapp fir de Schengen-Raum ze grënnen / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accorde vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 [1] vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff M.S. Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.
D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëscht de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzege Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschaf, well net all EU-Staate bereet waren matzemaachen.