Gertrud-Eysoldt-Rank
däitschen Theaterpräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gertrud-Eysoldt-Rank ((de) Gertrud-Eysoldt-Ring) ass en Theaterpräis deen all Joer zanter 1986 als Undenken un d'Gertrud Eysoldt vergi gëtt. De Präis gëtt vun der Stad Bensheim zesumme mat der Deutschen Akademie der Darstellenden Künste fir grouss schauspilleresch Leeschtunge verginn. E gëtt allkéiers am Fréijoer vum Joer no der Proklamatioun iwwerginn. De Präis dee mat 10.000 Euro dotéiert ass, geet op e Vermiechtnes vum Journalist a Theaterkritiker Wilhelm Ringelband zeréck, dee bis zu sengem Doud zu Bensheim gelieft huet an a sengem Testament e Schauspillerpräis mam Numm vun der Gertrud Eysoldt an d'Liewe geruff hat.
2018 krut den Änder Jung als éischte Lëtzebuerger de Präis; d'Präisiwwerreechung war de 16. Mäerz 2019[1].