Guerlange
belsch Uertschaft an der Gemeng Éibeng (Provënz Lëtzebuerg) / From Wikipedia, the free encyclopedia
Guerlange ((lb) Gierleng) ass eng kleng Uertschaft an der Gemeng Éibeng, (Provënz Lëtzebuerg) op der Grenz mat Lëtzebuerg. Et ass eng Nopeschuertschaft vun der Gemeng Käerjeng.
Guerlange lb: Gierleng | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Arel |
Gemeng | Éibeng |
Koordinaten |
49° 34’ 54’’ N 05° 51’ 18’’ O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6790 |
Gierleng läit op enger Héicht vu ronn 320 Meter. Déi héchst Plaz ass op 388 m, am Bësch mat dem Numm Belleshecken op der Grenz mat Lëtzebuerg, an déi déifst ass an de Griechten, déi op Laser ((fr) Longeau) ginn, op 290 Meter.
Gierleng war bis virun 20 Joer[Wéini ?] e klengt Bauerennascht, wat sech lues a lues zu enger Residenz fir d'Grenzgänger entwéckelt huet. 1997 gouf et zu Gierleng nach just zwéi Bauerebetriber.
Duerch Gierleng lafen zwou Baachen. Déi éischt ass d'Odebaach, déi hir Quell am Oste vu Gierleng huet, net wäit vum Jufferbusch, an duerch d'Uertschaft leeft. Déi aner entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Bächelcher, déi aus de Griechte vun der Holzstrooss, nieft de Mierkaulen, um Territoire vun der Gemeng Kënzeg kommen a kuerz virum Néidlengerhaff zesummelafen. Allebéid lafe s'an d'Miezegerbaach fir mat där weider zu Attem ((fr) Athus) an d'Kuer ze lafen.
Un de Verkéier ass Gierleng ugeschloss iwwer zwou méi grouss Stroossen déi op Laser ginn, e bessere Feldwee mécht d'Verbindung mat Kënzeg an en anere féiert duerch d'Griecht vum Néidlengerhaff op eng Strooss, déi vun do aus och nach eng Kéier no Osten iwwer d'Holzstrooss op Kënzeg féiert, an no Westen op eng Kräizung, wou et nees eng Kéier no Westen op Laser, no Nordosten op Séilen an no Nordwesten duerch d'Miezegerhiel op Miezeg geet.