Lëtzebuergesch
germanesch Sprooch / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten "Ausbausproochen", respektiv "Kultursproochen", gezielt.
Lëtzebuergesch Lëtzebuergesch | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Lëtzebuerg, Belsch (Areler Land, Zënt-Väiterland), Frankräich (Diddenuewener Land, Sierker Land), Däitschland (Saarbuerger Land, Béibreger Land, Prümer Land) |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 400.000[1] |
Klassement: | ? |
Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Lëtzebuerg zu Lëtzebuerg ass Ltz. net als "offiziell Sprooch" definéiert, mä just als "Nationalsprooch" an eng vun de Kommunikatiounssprooche vun der Verwaltung. Belsch |
Reglementéiert vun: | n.a. |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | lb |
ISO 639-2 | lb |
ISO 639-3 | ltz |
D'Lëtzebuergescht gouf de 24. Februar 1984 per Gesetz[2] als "Nationalsprooch" an nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen als eng vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert[3]. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht[4].
Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.
- Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënner anerem, datt een, deen Houdäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier - vun der Chamber bis zu de wëssenschaftlechen Emissiounen z. B. um Radio. Et gëtt och mëttelalterlech Texter déi op Lëtzebuergesch bzw. Muselfränkesch geschriwwen goufen z. B. den Text 'Yolanda vu Veianen' eng Säit aus dem Codex Mariendalensis (c. 1330 AD), dat beweist datt Lëtzebuergesch sech schonn deemools vum westgermaneschen Dialektcontinuum[5] ofgespléckt a relativ onverännert bis haut iwwerlieft huet.
- Dergéint schwätzt, datt et keng däitlech Sproochegrenz zu deenen ugrenzenden däitschen Dialekter gëtt.
Ofgesi vun dësen éischter technesche Krittären ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.