Glacis (Lampertsbierg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Glacis ass eng Plaz no beim Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg tëscht dem Quartier Lampertsbierg an der Uewerstad. D'Plaz ass agegrenzt:
- am Norde vun der Allée des Résistants et des Déportés an der Allée Scheffer,
- am Oste vun der Rue des Glacis,
- am Süden vum Boulevard de la Foire an
- am Weste vun der Allée de l'Unioun.
Séier Fakten Numm, Land ...
Numm |
lb: (Um) Glacis fr: Champ des Glacis de: Glacis |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier |
Lampertsbierg, Uewerstad |
Koordinaten |
49° 37’ 00.3’’ N 06° 07’ 25.1’’ O |
Genannt no | Glacis |
Zoumaachen
Zwou Stroossen (d'Avenue de la Faïencerie an d'Avenue Victor-Hugo) déi an Nord-Süd-Richtung d'Plaz duerchquieren, deelen de Glacis an dräi Deeler: den ënneschten (westlechen) Deel gëtt gemenkerhand Klenge Glacis genannt, iwwerdeems den ieweschten (ëstlechen) Deel de Päerdsmaart ass.
Den Numm „Glacis“ kënnt vum Festungsbau hier, wou een eng iwwersiichtlech Plaz direkt virun de Festungsmauere Glacis nennt.
Haut ass de Glacis dee gréisste Parking ënner fräiem Himmel an der Stad; et passen eng 1200 Autoen drop an - um Klenge Glacis - ronn 50 Bussen.