Groussherzoglecht Reglement
Reglement dat vum Grand-Duc am Kader vu enger deementspriechender Dispositioun aus der Constitutioun geholl gëtt / From Wikipedia, the free encyclopedia
E groussherzoglecht Reglement oder Règlement grand-ducal ass e Reglement dat de Grand-Duc am Kader vu enger deementspriechender Dispositioun aus der Constitutioun hëlt. Am Allgemengen ënnerscheet een tëscht dräi Zorte vu Règlement-grand-ducallen:
- Exekutiounsreglementer op Basis vun den Artikele 36 a 37 vun der Verfassung[1];
- Attributiounsreglementer wéi et am Artikel 32(3) virgesinn ass[2];
- Habilitatiounsreglementer op Grond vum Artikel 32(2)[3] an 32(4)[4].
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |