Guillaume Depardieu
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guillaume Jean Maxime Antoine Depardieu, gebuer de 17. Abrëll 1971 zu Paräis a gestuerwen den 13. Oktober 2008 zu Garches, war e franséische Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Guillaume Depardieu | |
---|---|
Gebuertsnumm | Guillaume Jean Maxime Antoine Depardieu |
Gebuer |
7. Abrëll 1971 14. Arrondissement |
Gestuerwen |
13. Oktober 2008 Garches |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger |
Famill | |
Bestuet mat | Élise Ventre |
Papp | Gérard Depardieu |
Mamm | Élisabeth Depardieu |
Geschwëster | Julie Depardieu |
Zoumaachen
De Guillaume Depardieu war de Jong vun der Schauspillerkoppel Gérard Depardieu an Élisabeth Guignot. Hien huet a senger Jugend vill wéinst Drogen an Alkoholexzesser vu sech schwätze gedoen. 1995 hat hien e Motosaccident, wouno en huet misse siwwenzéngmol operéiert ginn. Bei enger Operatioun huet hie sech mat Staphylococcus aureus infizéiert, soudatt him 2003 säi rietst Been huet missen amputéiert ginn.
Hien ass am Alter vu 37 Joer un enger akuter Longenentzündung gestuerwen.