Gustave Courbet
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gustave Courbet, gebuer den 10. Juni 1819 zu Ornans am Departement Doubs a gestuerwen den 31. Dezember 1877 zu La Tour-de-Peilz an de Schwäizer Kanton Vaud, war e franséische Moler.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Gustave Courbet | |
---|---|
Gebuer | 10. Juni 1819 |
Gestuerwen | 31. Dezember 1877 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Zeechner, visuelle Kënschtler |
Famill | |
Geschwëster | Juliette Courbet |
Zoumaachen
De Gustave Courbet huet d'Molerei autodidaktesch geléiert andeems hien d'Natur studéiert a sech d'Biller am Louvre ugekuckt huet. De Courbet war 1840 op Paräis komm an hien ass duerch seng revolutionär an antiklerikal Astellung, déi een och an e puer vu senge realistische Biller erkenne kann, zum Géigner vum napoleonesche Regime ginn. Als Member vun der Paräisser Commune ass hien 1873 an d'Schwäiz fortgelaf.