Gustave Gretsch
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Chrysostome Gustave Gretsch, gebuer den 12. Juli 1867 zu Iechternach an do gestuerwen den 22. Mee 1960 war en Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker.[1]
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Gustave Gretsch | |
---|---|
Gebuer |
12. Juli 1867 Iechternach |
Gestuerwen |
22. Mee 1960 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Dokter |
Zoumaachen
Seng Eltere waren de Jacques Gretsch an d'Claire Keiffer.[1] an hie war de Papp vum Emile Gretsch.
De Gust Gretsch huet ë. a. op der Berliner Charité studéiert.[1] Am Laf vum Joer 1893 huet hien d'Exame vum lëtzebuergeschen Doktorat gemaach: Doktorat an der Medezin (25. Abrëll 1893),[2] Doktorat an der Chirurgie (10. Oktober 1893),[3] Doktorat an der Gebuertshëllef (31. Oktober 1893).[4] Dëse leschten Datum ass an den offizielle Lëschten als "date du diplôme" ze fannen.[5]