Himmelsrichtung
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Himmelsrichtung beschreift d'Richtung vun engem Bezuchspunkt (z. B Standplaz) zu engem anere Punkt op der Äerduewerfläch. Déi véier Haapthimmelsrichtungen (och Kardinalpunkten) sinn d'Grondrichtungen Norden, Osten, Süden a Westen. Himmelsrichtunge bezéie sech op de jeeweilegen Horizont an d'Lag vun der Äerdachs. D'Haapthimmelsrichtungen definéieren d'Richtung vun de geographesche Koordinaten, de Meridianen, déi sech an de Punkten Nord- a Südpol treffen an de Breetekreesser, déi parallel zu der Äerdrotatioun ost-westlech lafen. A bestëmmte Kulturen, z. B. indianeschen oder buddhisteschen, gëtt dëst Konzept op sechs Himmelsrichtungen duerch den Aschloss vun Zenit (uewen/himmelwäerts) an Nadir (ënnen/äerdwäerts) vergréissert.