Jean Back
lëtzebuergesche Fotograf a Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Back, gebuer de 5. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf a Schrëftsteller. De Jean Back war vun 1989 bis den 1. Februar 2016[1] Direkter vum CNA.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Jean Back | |
---|---|
Gebuer |
5. Dezember 1953 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Fotograf |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
Famill | |
Kanner | Michelle Back |
Zoumaachen
Säin éischte Roman Wollekestol ass 2003 bei Ultimomondo publizéiert ginn. En erzielt en Deel Geschicht vum Auteur a senger Famill an der Forge du Sud an de fofzeger Joren. "Wollekestol ass e Bléck duerch e bakelitts Viewmaster op eng aussergewéinlech Zäit zu Lëtzebuerg." (CNL).
Fir säi Roman Amateur gouf hien 2010, zesumme mat 10 anere Laureaten aus verschiddenen europäesche Länner, op der Frankfurter Bicherfoire mam European Union Prize for Literature ausgezeechent[2].
De Jean Back ass de Papp vun der Michelle Back, vum Pierre a vum Charel.