Joan Baez
US-amerikanesch Sängerin, Biergerrechtlerin a Pazifistin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Joan Baez [dʒoʊn ˈbaɪəz], gebuer den 9. Januar 1941 op Staten Island, New York City als Joan Chandos Báez, ass eng US-amerikanesch Folk-Sängerin, Biergerrechtlerin a Pazifistin, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore fir hiert politescht Engagement géint de Vietnamkrich an d'Segregatioun bekannt gouf.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Joan Baez | |
---|---|
am Joer 1966 | |
Gebuertsnumm | Joan Chandos Baez |
Gebuer |
9. Januar 1941 Staten Island |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Boston University |
Aktivitéit | Liddermécher, Sänger, Komponist, Gittarist, Museker, Dänzer, Pazifist, Aktivist, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Bob Dylan |
Zoumaachen
Zu hire bekanntste Lidder zielen We Shall Overcome, The Night They Drove Old Dixie Down an Here's to you, d'Titellidd vum Ennio Morricone fir de Film Sacco e Vanzetti.
Hire klore Sopran, dee laang hiert Markenzeeche war, huet sech an der Mëtt vun den 1980er Joren zu engem Alt verännert.