Katrewang (Esch-Sauer)
Lieu-dit an Esch-Sauer / From Wikipedia, the free encyclopedia
Um Katrewang (och alt Um Quatre-Vents) ass e Lieu-dit an den Odonym vun enger Strooss zu Eschduerf an der Gemeng Esch-Sauer. De Katrewang läit op enger Héicht vu 518 m (NG-L), tëscht dem Ale Bësch an der Hierheck um CR308.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit Katrewang an der Gemeng Esch-Sauer. Fir de Lieu-dit an der Gemeng Kielen, kuckt wgl. Katrewang (Kielen). |
Séier Fakten An anere Sproochen, Land ...
Katrewang | |
---|---|
An anere Sproochen | fr: Quatre-Vents |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Esch-Sauer |
Buergermeeschter | Laurent Hilger |
Koordinaten |
49° 52’ 52.0’’ N 05° 56’ 32.9’’ O |
Zoumaachen
De Foussballstadion vum „FC Racing Heiderscheid-Eschdorf“ um Katrewang - op 523 m N.N. - ass den héchsten Terrain zu Lëtzebuerg[1]. Op der Plaz wou niewent dem Terrain de Waassertuerm steet, stoung fréier de Gaalgen aus der Gemeng.