Kingissepp
Stad am Oblast Leningrad a Russland / From Wikipedia, the free encyclopedia
Kingissepp (op Russesch: Кингисепп, op Estesch, Finnesch a Wotesch: Jaama, op Ijoresch: Kingiseppä) ass eng Stad am Oblast Leningrad am Nordwestrussesche Federatiounskrees a Russland. De Floss Luga fléisst duerch d'Stad, se läit eng 138 km südwestlech vu Sankt Péitersbuerg, ronn 25 km ëstlech vun der Grenz mat Estland a ronn 40 km südlech vum Finnesche Golf.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kingissepp | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Nordwestrussland |
Status | Oblast |
Regioun | Leningrad |
Gegrënnt | 1384 |
Awunner | 47.313 (2017) |
Fläch | 44 |
Koordinaten | 59°22'N, 28°36'O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 81375 |
Postcode | 188455–188456 |
Websäit | http://kingisepp-mo.ru |
D'Stad gouf 1384 gegrënnt, wéi do d'Festung vun der Republik Nowgorod gebaut gouf. Deemools housch d'Uertschaft nach Jama (ru. Яма). 1395 gouf d'Festung scho vun de Schweden ugegraff, se huet awer duergehal.
D'Stad ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Kingissepp. Se huet, zesumme mat hirem Stadkrees, eng Fläch vun zirka 44 km² an 48.488 Awunner (Stand 14. Oktober 2010).[1]
Duerch Kingissepp féiert d'Eisebunnsstreck St. Péitersbuerg–Tallinn.