Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
Géigend am Oste vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (Petite Suisse luxembourgeoise) ass eng Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ënner aneren d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall déi an am Ganze fënnef Gemenge mat enger Gesamtfläch vun 105,1 km² leien[1]. Hiren Numm huet d'Géigend wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi d'Klammsportler, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen unzéien.
De Schéissendëmpel, eent vun de meeschtfotograféierte Motiver | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Bäerdref, Beefort, Grondhaff, Konsdref, Mëllerdall, Scheedgen |
Koordinaten | 49°47'21,34"N, 6°18'39,96"O |
Dimensiounen a Geographie | |
Fläch | 105,1 km² |
Markant Plazen |
Amphitheater Breechkaul Noumerleeën Raiberhiel Schéissendëmpel Wollefsschlucht |
Flëss | Sauer, Schwaarz Iernz, Halerbaach, Konsdrëfferbaach, Lauterbuererbaach |
Den Numm „Petite Suisse luxembourgeoise / Kleine Luxemburger Schweiz“ gëtt et zanter den 1880er Joren. Géint Enn vun den 1990er Jore sinn am Tourismusberäich Bestriewungen opkomm, hien duerch d'Bezeechnung „Regioun Mëllerdall“ (Région Mullerthal) z'ersetzen, wat net onëmstridden ass, well de Mëllerdall nëmmen e klengen Deel vun der "Petite Suisse" ass an deen neie Begrëff doduerch zu Konfusioune féiere kann.
Zu der nei definéierter „Regioun Mëllerdall/Petite Suisse“ gehéiere 15 Gemengen, déi sech am Grupp Leader Müllerthal, deen zanter 2003 existéiert, regruppéiert hunn; et sinn dat d'Gemengen Ärenzdall, Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Konsdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Noumer, Reisduerf, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg. Dës Gemengen decken eng Gesamtfläch vun 310,90 km² of[2].
2016 gouf zousätzlech den Naturpark Mëllerdall gegrënnt, deen déi selwecht Gemengen, bis op Ärenzdall a Reisduerf, ëmfaasst.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturpark Mëllerdall.