Naturpark Mëllerdall
Naturpark zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Naturpark Mëllerdall ass en Naturpark zu Lëtzebuerg, deen den 10. Juni 2016 offiziell, a Presenz vum Groussherzog Henri, lancéiert gouf[1].
D'Huellee am Mëllerdall | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°47'8,27"N, 6°19'29,62"O |
Ugeluecht | 17. Mäerz 2016 |
Fläch | 256 km² |
En ëmfaasst 255,72 km² Fläch, verdeelt op 11 Gemengen, mat ronn 25.500 Awunner[2]. Et sinn dat Bäerdref, Beefort, Bech, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg[3].
E geet op eng Initiativ vun 2006 vun der Aarbechtsgrupp Naturpark Müllerthal zeréck, déi d'Regional Initiativ Mëllerdall (RIM) op d'Been gesat huet. D'betraffe Gemengen hunn 2007 mat der RIM eng Konventioun ofgeschloss an e Gemengesyndikat geschaaft, fir sou zesummen um Projet ze schaffen.
De 26. Juli 2010 gouf d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Aarbechtsgrupp, déi de Projet ëmsetze soll, ugeholl[4]. Bis 2012 huet dës Aarbechtsgrupp eng Pré-étude ausgeschafft, déi 2013 bis 2014 am Detail preziséiert gouf[5]. Den 31. Juli 2014 gouf de Projet de réglement portant déclaration du parc naturel Mullerthal an der Chamber agereecht[3]. Den Naturpark Mëllerdall gouf de 17. Mäerz 2016 duerch e Règlement grand-ducal an d'Liewe geruff[6].