Konrad Duden
däitsche Philolog / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Konrad Alexander Friedrich Duden, gebuer den 3. Januar 1829 zu Lackhausen a gestuerwen den 1. August 1911 zu Sonnenberg bei Wiesbaden, war e preisesch-däitsche Lycéesprofesser.
Konrad Duden | |
---|---|
Gebuertsnumm | Konrad Alexander Friedrich Duden |
Gebuer |
3. Januar 1829 Gut Bossigt |
Gestuerwen |
1. August 1911 Wiesbaden-Sonnenberg |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Educatioun |
Universitéit Bonn, Philipps-Universitéit Marburg |
Aktivitéit | Lexikograph, Linguist, Schrëftsteller |
Hien huet ufanks am Lycée vu Soest geschafft, war duerno e puer Joer zu Genua Hausenseignant, vun 1869 bis 1876 Prof um Lycée zu Schleiz a vun du bis 1905 Direkter vum Königlichen Gymnasium zu Hersfeld.
Hien ass bekannt well hien en Orthographie-Wierderbuch vun der däitscher Sprooch ausgeschafft huet, d'Vollständiges Orthographisches Wörterbuch der deutschen Sprache dat spéiderhin als Duden no him genannt gouf, an dat 1880 fir d'éischt erauskoum. Et hat 27.000 Lemmata op 187 Säiiten.[1]
Domat huet hie signifikant dozou bäigedroen, datt sech am däitschsproochege Raum eng eenheetlech Schreifweis erausgebilt huet.
1902 goufen am ganzen Däitsche Räich a spéider och an Éisträich-Ungarn an an der Schwäiz dem Duden seng Regeln für die deutsche Rechtschreibung nebst Wörterverzeichnis als vebrbindlech festgeluecht.