Kräid (Geologie)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Period vun der Kräid ass déi jéngst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 145 Millioune Joer ugefaangen a bis viru 65 Millioune Joer gedauert.
Si steet am Zäitalter nom Jura a virum Paleogen a gëtt an zwou Epochen agedeelt: der Ieweschter Kräidepoch an der Ënneschter.
Si ass den Iwwergang vum Äerdmëttelalter an der Äerdneizäit, bei der dräi Véirels vun all de Liewewiese verschwonne sinn. D'Grenz ass duerch d'Tounschicht definéiert, déi déi kallekräich Sedimenter vun der Kräid-Period vun deene vun der nofollgender Epoch trennt.