Lucien Blau
lëtzebuergeschen Historiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lucien Blau, gebuer den 11. August 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker an Enseignant am Secondaire. 1984 huet hien op der Universitéit zu Metz seng Maîtrise iwwer d'Theema Resistenz zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gemaach an och do 1996 en Doktorat iwwer d'Theema Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle ofgeluecht.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Lucien Blau | |
---|---|
Gebuer |
11. August 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Enseignant, Historiker |
Zoumaachen
Hie war Grënnungsmember vun Déi Gréng a gouf op hirer Lëscht 1997 an den Diddelenger Gemengerot gewielt (bis 2002); 2004 ass en aus der Partei ausgetrueden.