Léck
belsch Groussstad, Haaptstad vun der Provënz Léck / From Wikipedia, the free encyclopedia
Léck ass eng Groussstad am Oste vun der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Léck, déi hiren Numm dréit. Déi ganz Lécker Agglomeratioun huet ongeféier 600.000 Awunner. Si ass déi gréisst Stad vu Wallounien an hanner Bréissel an Antwerpen déi drëttgréisst Stad vun der Belsch.
Séier Fakten Liège lb: Léck / wa: Lidje, Aussprooch ...
Liège lb: Léck / wa: Lidje | |
---|---|
Vue op de südleche Wutz vun Outre-Meuse vun der Kennedy-Bréck aus an d'Rue Grétry gekuckt | |
Aussprooch | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 195.278 (1. Januar 2022) |
Fläch | 68,65 km² |
Koordinaten | 50°38'23"N, 5°34'14"O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4000 / 4020 |
Websäit | https://www.liege.be/ |
Zoumaachen
Vu Lëtzebuerg aus brauch een 2 Stonnen an 30 Minutte fir Léck mam Zuch z'erreechen (167 km mam Auto).
Kulturell gesinn, ass Léck, mat senge Muséeën, prächtege Gebaier, Universitéit an aneren Héichschoulen (17 000 Studenten) eng ganz wichteg Stad. Och wirtschaftspolitesch gesinn; vill grouss an international Entreprisen hunn do hire Sëtz.