Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Éischte Weltkrich existéiert an der kollektiver Memoire vun de Lëtzebuerger bal net, an och d'Lëtzebuerger Historiographie huet sech bis viru kuerzem wéineg mam Theema beschäftegt. Vun August 1914 bis zum Enn vum Krich den 11. November 1918 war Lëtzebuerg vum Däitsche Räich besat. Et war déi éischt vun zwou däitsche militäreschen Occupatiounen am 20. Joerhonnert. Déi däitsch Regierung huet déi Besatzung domat begrënnt, datt si hir Arméien a Frankräich misst ënnerstëtzen. Vill Lëtzebuerger, deemools wéi haut, gesinn dat awer anescht.
Wärend där Zäit war et Lëtzebuerg erlaabt, seng eege Regierung a säin eegene politesche System ze behalen, mä all Prozedure ware vun der Presenz vun der däitscher Arméi beaflosst. Trotz dëser Oflenkung huet d'Lëtzebuerger Bevëlkerung versicht, hiert Liewe sou normal wéi méiglech weider ze féieren an d'politesch Parteien hu sech ëm aner Theeme gekëmmert, wéi zum Beispill d'Wirtschaft, d'Educatioun an d'Verfassungsreform.
Déi intern politesch Situatioun huet sech nom Doud vum Paul Eyschen (1915), dee 27 Joer laang Premierminister war, weider komplizéiert. No sengem Doud koumen eng Rei kuerzlieweg Regierungen, déi an enger Aart Rebellioun kulminéiert hunn, an nom Réckzuch vun den däitschen Truppe goufen et Turbulenzen ëm d'Lëtzebuerger Constitutioun.