Marc Lies
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marc Lies, gebuer den 30. Dezember 1968 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Marc Lies | |
---|---|
Gebuer |
30. Dezember 1968 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Zoumaachen
Vu Beruff Employé op enger Bank, ass de Marc Lies zanter 2009 Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper. 2000 war hien do eng éischte Kéier an de Gemengerot gewielt ginn; 2005 gouf e Schäffen.[1]
Als Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ass hien, als Kandidat op der CSV-Lëscht fir de Zentrum, an d'Chamber nogeréckelt, nodeem e puer vun den Éischtgewielten zum Minister ernannt gi waren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[2] an deene vum 8. Oktober 2023[3] gouf hien erëmgewielt.