Maria Teresa Mestre
Groussherzogin vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maria Teresa Mestre gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Marianao an der Stad a Provënz Havanna op Kuba, ass d'Fra vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an huet den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".
Maria Teresa Mestre | |
---|---|
Titelen | |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | |
Zäit | zanter dem 7. Oktober 2000 |
Biographie | |
Gebuer |
22. Mäerz 1956 Marianao |
Bestuet mat | Henri vu Lëtzebuerg |
Papp | José Antonio Mestre |
Mamm | Maria Teresa Batista-Falla de Mestre |
Kanner | Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
Si ass d'Duechter vum José Antonio Mestre (1926-1993) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Elteren no der Kubanescher Revolutioun am Oktober 1959 d'Land verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft ofgeschloss huet.
Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätzt nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italieenesch.
Hire Mann, den Henri vu Lëtzebuerg, deen deemools Ierfgroussherzog war, huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.
D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner.
Zanter dem 7. Oktober 2000, dem Dag op deem den Henri vu Lëtzebuerg als Groussherzog vereedegt gouf, dréit si den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".