Maria Theresia vun Éisträich
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maria Theresia vun Éisträich, gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien, an do gestuerwen den 29. November 1780, war Äerzherzogin vun Éisträich (1740 - 1780), Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), a Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780).
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie). |
Maria Theresia vun Éisträich | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Karl VI. |
Nofollger | Joseph II. |
Biographie | |
Gebuer |
13. Mee 1717 Hofburg |
Gestuerwen |
29. November 1780 Wien |
Bestuet mat | Franz I. Stephan |
Papp | Karel VI. |
Mamm | Elisabeth Christine vu Braunschweig |
Kanner | Joseph II., Leopold II. (HRR), Maria Karolina vun Éisträich, Marie-Antoinette vun Éisträich |
Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.
Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold (*1716), den eenzege männlechen Trounfolger, ass 1716 gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum Karl VI. (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.
1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.