Martine Anne Breisch
lëtzebuergesch Sängerin, Musekerin, Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Martine Anne Breisch, gebuer den 23. Dezember 1976 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Musekerin, Schauspillerin a Synchronspriecherin.
Martine Anne Breisch | |
---|---|
Gebuer |
23. Dezember 1976 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sänger, Museker, Schauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Geschwëster | Paul Breisch |
1996 huet d'Martine am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht de Premièresdiplom a moderne Sprooche gemaach. Vun 1996 bis 1999 huet si um Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (zanter 2003 Université du Luxembourg) studéiert an do mat engem Diplom als Enseignant (Pedagogik) ofgeschloss. Nodeem si 14 Joer um Escher Conservatoire war (Gei, Solfège, Chouerdirectioun, Gesang), ass si 1999 op Paräis gaange fir Musical, Schauspill an Danz ze studéieren. 2000 ass si op Frankfurt am Main gewiesselt an huet do 2002 hiren Diplom als Musicalduerstellerin, Sängerin a Schauspillerin gemaach. 2008 huet si eng Zousazausbildung als Studio- a Synchronspriecherin zu Berlin gemaach a schafft zanterhier och reegelméisseg als Speakerin an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch an zu Lëtzebuerg am Studio fir Synchronisatioun, Publicitéiten, Reportagen a Voix Off.
Vun 2002 bis 2009 war si reegelméisseg op Tournée duerch Europa mat Schauspillstécker, Musicals an Operetten. Duerno hat si ënner anerem Gaaschtengagementer zu Augsburg (Parktheater), Essen (Theater im Rathaus), Fürth (Stadttheater), Tréier (Stadttheater), Mannheim (OTM), Deidesheim a Frankfurt am Main (Städtische Bühnen). Donieft war si vun 2002 bis 2016 Dozentin op der Stage & Musical School zu Frankfurt am Main, wou si ë. a. d'Helene Fischer als Studentin hat. Si huet vun 2012 bis 2019 Theatercourse fir Teenager a Jugendlecher zu Darmstadt ginn a vun 2014 bis 2019 Musicalgesang zu Tréier op der Karl-Berg-Musikschule enseignéiert. Zousätzlech huet si zanter 1999 ëmmer nees Kanner-, Jugend- an Erwuessechéier, zu Lëtzebuerg geleet. 2017 gouf si d'offiziell Stëmm vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft CFL, 2021 d'Stëmm vun den Trierer Stadtwerke (Bus&Bahn) a vu September 2018 un, ass si Chargée de cours fir Chant Moderne/Comédie Musicale-Rock/Pop, Diction allemande a luxembourgeoise, an Art Dramatique allemand/Formation théâtrale an der regionaler Maacher Museksschoul.
Si ass d'Sëschter vum Paul Breisch, Museker an Organist an der Stater Kathedral.