Massakere vu Machecoul
From Wikipedia, the free encyclopedia
Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée
D'Massakere vu Machecoul waren eent vun den éischten Evenementer am Krich an der Vendée. Zu de Massakere koum et den 11. Mäerz 1793 zu Machecoul, engem klenge Chef-lieu an der Loire-Inférieure wat och e räicht Handelszentrum war. An der Stad hunn zu dëser Zäit vill Bierger gewunnt, déi duerch d'Revolutioun u Plazen an der Administratioun komm waren, an déi zu den Haaptaffer vun de Massakeren duerch d'Vendéens gezielt hunn.
Am Mäerz 1793 hu vill Vendéens den Dekreet zu der Levée en masse vum 24. Februar 1793 refuséiert, an hu géint d'Convention nationale rebelléiert. Sou koum et zu Banden, déi d'Bevëlkerunge vun Noirmoutier a Machecoul massakréiert hunn.
Den 11. Mäerz 1793 gouf Machecoul vun enger ganzer Mass aus den Nopeschgemengen ugegraff, déi verlaangt hunn, datt d'Levée en masse misst gestoppt hin. Dat klengt Vollek vum Faubourg Sainte-Croix huet sech den Opstännegen ugeschloss, ënner anerem fir sech un de « Messieurs » aus der Stad ze rächen. D'Garde nationale war mat dësem Ugrëff komplett iwwerfuerdert, an huet op d'Leit geschoss. D'Revoltéiert sinn doropshi richteg rose ginn, an hunn d'« habits bleus » duerch d'Stroosse vun der Stad gejot a si ëmbruecht, souwéi och eng Partie vun den notabelen Awunner, wéi de konstitutionelle Curé.
De Souchu, den ale Procureur fiscal vun de Lännereien, huet sech un d'Spëtzt vun den Opstännege gestallt, an eng Zort Geriicht opgebaut, wat d'Patrioten, déi zwee an zwee uneneegestréckt waren, (« en chapelet »), erschéisse gelooss huet. De Charette, deen och bei de Massakeren dobäi war, huet näischt ënnerholl fir dës ze stoppen.
Déi genee Zuel vun den Affer ass net bekannt. De Procureur vum Distrikt vu Montaigu schwätzt vu 575 Affer, mä et ass onméiglech dëst z'iwwerpréiwen. Aner Schätzunge schwätze vu 400 bis 800 Doudeger. De Jean-Clément Martin notéiert a sengem Bilan op d'mannst 160 Affer[1].