Mathias Schaffner
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mathias (Metty)[1] Schaffner, gebuer de 15. Dezember 1869 zu Iechternach an do gestuerwen de 4. Juli 1940, war e lëtzebuergesche Politiker.[2]
Mathias Schaffner | |
---|---|
Gebuer |
15. Dezember 1869 Iechternach |
Gestuerwen |
4. Juli 1940 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schmadd |
Famill | |
Kanner | Robert Schaffner |
De Mathias Schaffner war de Jong vum Charles Schaffner an der Marie Marman.[2] Vu Beruff war hie Schmadd.
Am Oktober 1914 gouf hien an den Iechternacher Gemengerot gewielt an dräi Joer méi spéit gouf hie Schäffen.[1] Vum 31. Dezember 1924 (Datum vun der Nominatioun) bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Stad Iechternach.[2],[3]
Vun 1928 bis 1940 war hien och Deputéierten (Rietspartei).[4]
Wéi de Paul Cerf schreift, war d'Begriefnes vum Mathias Schaffner, de 7. Juli 1940,[5] déi lescht ëffentlech Manifestatioun un där d'Lëtzebuerger Deputéierte wärend der Nazi-Occupatioun deelgeholl hunn: Son enterrement fut l'occasion de la dernière manifestation publique des députés au cours de l'occupation. En effet, c'est revêtus de l'insigne de leur charge, l'écharpe tricolore, que tous les députés présents au Grand-Duché tinrent à accompagner leur collègue à sa dernière demeure.[6]
De Mathias Schaffner, dee sech de 25. August 1897 mat der Sophie Diedeling bestuet hat,[2] war de Papp vum Robert Schaffner.