Minière Prince Henri
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Minière Prince Henri zu Esch-Uelzecht, och nach Minière Eisekaul genannt, gouf als Konzessioun "Holzebierg - Prince Henri" zanter dem Joer 1892 exploitéiert.
Den Numm geet op de fréiere Prince-lieutenant vu Lëtzebuerg, de Prënz Hari, zeréck, no deem sech d'Eisebunnsgesellschaft Prince-Henri benannt huet, déi vum Staat d'Konzessiounsrecht Nr 403 krut (dunn no hir Prince Henri genannt) als Deelsubsid fir de Bau vun der Eisebunnsstreck Waasserbëlleg-Gréiwemaacher dee s'amplaz vun der Kantonalbunnsgesellschaft realiséiert hat. D'Joer drop huet PH als Concessionnaire d'Exploitatiounsrecht op onbestëmmt Zäit der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois verkaaft. Wéinst de jeeweilege Successioune vun de Firmaen ass d'Konzessioun haut beim CFL an d'Exploitatiounsrecht bei Arcelor Mittal.[1] D'Entrée fir an d'Minière ass zu Esch an der Eisekaul. Lénks donieft war e Fërdertuerm mat Schacht fir an dat schwaarzt Lager, deen awer virun 1935 nees ofmontéiert gouf.
Am sougenannte Burbacher Lach goung en Tunnel fort, ënner dem Holzebierg erduerch, a koum op der Rëmelenger Säit op zwou Plazen am Laangegronn eraus, eng Kéier fir d'Minette vum Bromeschbierg erbäizeféieren an eng Kéier fir déi vum Huttbierg. Um déifste Punkt louch dësen Tunnel ronn 100 Meter ënner dem Buedem. Haut lafen d'Kabele vun der Kollektivantenn do derduerch, bis op d'Plaz wou haut d'Gleiser vun der Intermoselle leien.
En aneren Agank war zu Rëmeleng am Pafert.
D'Minière huet haaptsächlech d'Héichiewe vun der Brasseur-Schmelz (déi spéider der Rothe Erde, dunn der Société Métallurgique des Terres Rouges an duerno der Arbed-Terres Rouges gehéiert huet) op Barbuerg alimentéiert. En Deel vun der Minett ass awer och duerch de Laangegronn evakuéiert ginn.
D'Exploitante waren (chronologesch):
- Société des Hauts-Fourneaux Luxembourgeois (1892)
- Aachener Hütten-Aktien-Verein (1900)
- Gelsenkirchener Hütten- und Bergwerksverein (1907)
- Société Métallurgique des Terres Rouges (1919)
- ARBED (1937)