Panthéon
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Panthéon (Gr. παν pan "alles" an θεός theós "Gott") ass en neo-klassizistescht Bauwierk zu Paräis um Hiwwel vun der hl. Geneviève, an deem grouss Personnagen aus der franséischer Geschicht begruewe leien (ausser de Militär déi normalerweis an den Invalide leien).
D'Gebai gouf als Kierch vun der mächteger Abtei Sainte-Geneviève geplangt, an am Opdrag vum Kinnek Louis XV. an de Joren 1764 bis 1790 vum Architekt Jacques-Germain Soufflot (1713–1780) a senge Schüler gebaut, mat als Grondrëss d'Form vun engem griichesche Kräiz a mat enger Kuppel wéi déi vum Pantheon zu Roum (no deem de Panthéon och benannt ass). Kuerz nodeems d'Kierch fäerdeg war gouf, hunn d'franséische Revolutionairen eng sekularer Gedenkplaz draus gemaach. Ënner dem Gebai ass dowéinst keng Krypta am eigentleche Sënn, mee eng Abberzuel vu Gäng mat enger sëllege Capellen, an deene bestëmmt historesch Perséinlechkeete gewierdegt ginn.
Nëmmen an Ausnamefäll gi Verstuerwener direkt no hirem Doud am Panthéon begruewen, wéi z. B. de Victor Hugo an de Marie François Sadi Carnot. Virschléi fir an de Panthéon opgeholl ze gi ginn der Nationalversammlung ënnerbreet. Déi definitiv Decisioun doriwwer kann awer just de franséische President huelen.