Pont de Bir-Hakeim
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pont de Bir-Hakeim fréier Viaduc de Passy genannt ass eng Stroossen- an Eisebunnsbréck iwwer d'Seine zu Paräis. Si verbënnt Vaurigard mat Passy, a gouf tëscht 1903 an 1905 opgeriicht. Et ass eng stolen Ausleeërbréck op zwéi Stäck. Iwwer den zweete Stack leeft d'Metroslinn Nr. 6.
Dës Bréck ersetzt déi all Passerelle de Passy vun 1878, déi am Train vum Bau vum Metro versat an ëmgebaut gouf.
D'Bréck ass 257 Meter laang a besteet, sou wéi de Pont Neuf, aus zwéin Deeler. Déi hunn op der Île aux Cygnes e gemeinsamen Opleeër.
Op der lénkser Säit stinn dräi Béi mat Spanwäite vun 24 - 42 - 24 Meter a riets hunn d'Béi 30 - 54 - 30 Meter.
D'Dunn vum Tablier ass 25 Meter breet.
D'Bréck gouf vum Architekt Jean-Camille Formigé entworf an de responsablen Ingenieur war de Louis Biette. Si gouf vun der Firma Daydé & Pillé gebaut.
Hiren Numm Pont de Bir-Hakeim krut se 1948 als Ërennerung un d'Schluecht vu Bir-Hakeim a Libyen vum 26. Mee bis 11. Juni 1942 tëscht der 1ère brigade des Français Libres an dem Rommel sengem Afrika-Korps, déi et der 8. Brittescher Arméi erlaabt huet sech aus El Alamein zeréckzezéien.