Post Luxembourg
Ëffentlecht Etablissement fir Postdéngschter, Postscheck-Déngschter a fir Telekommunikatioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
POST Luxembourg ass de kommerziellen Numm vun der Lëtzebuerger Post[5], déi offiziell Entreprise des postes et télécommunications[1] heescht. Bis Juni 2013 war se ënnert P&T Luxembourg bekannt.
POST Luxembourg | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement[1] |
Grënnungsdatum |
1842: Grënnung Post 1992: Grënnung vum Etablissement Public P&T |
Sëtz |
20 rue de Reims L-2417 Lëtzebuerg[2] Lëtzebuerg |
Leedung |
Claude Strasser (Generaldirekter) Serge Allegrezza (President vum Verwaltungsrot) |
Mataarbechter | 4.480 (2017)[3] |
Ëmsaz | 769,7 Milliounen Euro (2017)[4] |
Branche |
Postdéngtschter Finanzdéngschter Telekommunikatiounsdéngschter |
Homepage |
www.post.lu www.postgroup.lu |
D'Lëtzebuerger Post gouf 1842 als Administratioun gegrënnt[6] an ass zanter 1992 en Ëffentlecht Etablissement, vun deem de Lëtzebuerger Staat deen eenzegen Aktionär ass.
D'Post këmmert sech ëm Postdéngschter, ëm Postscheck-Déngschter an ëm Telekommunikatioun. Donieft ass d'Post den exklusiven Editeur vu Käppercher.
Zënter 2016 ass d'Post de gréisste Patron am Land[7]; op den 1. Januar 2018 hu 4.480 Mataarbechter bei der Grupp POST[8] geschafft.
2011 huet d'Post en Ëmsaz vun am Ganze 524,30 Milliounen Euro realiséiert[9]. Dräi Joer méi spéit waren et 691,5 Milliounen Euro an 2017 waren et 769,7 Milliounen Euro[4].