Raoul Biltgen
lëtzebuergesche Schauspiller, Schrëftsteller, Kolumnist a Psychotherapeut / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raoul Biltgen, gebuer den 1. Juli 1974 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schauspiller, Schrëftsteller, Kolumnist a Psychotherapeut („in Ausbildung unter Supervision“[1]).
Raoul Biltgen | |
---|---|
Gebuer |
1. Juli 1974 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Dramaturg |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Geschwëster | François Biltgen |
De Raoul Biltgen ass 1993 op Wien geplënnert an huet do ugefaange fir Iwwersetzer an Dolmetscher ze studéieren, an ass dunn op e Studium vun der Schauspillerei iwwergewiesselt, dat en op der Konservatorium Wien Privatuniversität ofgeschloss huet.
Hie war Schauspiller am Ensembel vum Vorarlberger Landestheater zu Bregenz, duerno Dramaturg um Theater der Jugend zu Wien.
Hie lieft als fräie Schauspiller a Schrëftsteller zu Wien. Zanter 2010 schreift hien eemol an der Woch eng Chronik iwwer Sexualitéit an e schafft zanter 2015 och als Psychotherapeut („in Ausbildung unter Supervision“[1]) bei der Männerberatung Wien.
De Raoul Biltgen ass de Brudder vum François Biltgen.