Raymond Petit (Resistenzler)
lëtzebuergesche Resistenzler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Resistenzler Raymond Petit. Fir de Sculpteur, kuckt wgl. Raymond Petit (Sculpteur). |
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Raymond Petit | |
---|---|
Gebuer |
16. Januar 1920 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
21. Abrëll 1942 Bäerdref |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Resistenzler, Student |
Member vun | Lëtzeburger Patriote Liga |
Zoumaachen
Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.
Fir un hien z'erënneren, goufen 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht.