Richard R. Ernst
Schwäizer Cheemiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Richard Robert Ernst, gebuer de 14. August 1933 zu Winterthur, an och do de 4. Juni 2021 gestuerwen[1], war e Schwäizer Cheemiker. Hien huet 1991 den Nobelpräis fir Chimie kritt.
Richard R. Ernst | |
---|---|
Gebuer |
14. August 1933 Winterthur |
Gestuerwen |
4. Juni 2021 Winterthur |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | ETH Zürich |
Aktivitéit | Chimist, Fuerscher |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea, American Physical Society, Royal Society |
No sengem Chimiesstudium op der ETH Zürich, dat en 1962 mat enger Dissertatioun iwwer d'Theema Kernresonanz-Spektroskopie mit stochastischen Hochfrequenzfeldern ofgeschloss huet[2], huet de Richard R. Ernst bei der Firma Varian Associates zu Palo Alto, a Kalifornien geschafft, wou en d'magnéitesch Kärspinresonanz (NMR)-Fourierspektroskopie, d'Rauschentkopplung a weider Methoden entwéckelt huet. 1968 goung en hannescht op d'ETH Zürich an huet do eng Fuerschungsgrupp an der NMR-Spektroskopie opgebaut. Hien huet d'Entwécklung vun der medezinescher Magnéitresonanz-Tomographie stimuléiert. Fir seng Avancen an der Entwécklung vun der héichopgeléister magnéitescher Kärresonanz-Spektroskopie (NMR) krut en 1991 den Nobelpräis fir Chimie.[3] 1998 ass en emeritéiert.