Rob Kieffer
lëtzebuergesche Journalist, Fotograf an Auteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Kieffer, genannt Rob Kieffer a gebuer den 23. Oktober 1957, ass e lëtzebuergesche Journalist, Fotograf an Auteur. Hie war Direkter vun den Éditions Guy Binsfeld.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Rob Kieffer | |
---|---|
Gebuer | 23. Oktober 1957 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Zoumaachen
Hie schreift Reesreportagen ë. a. fir d'Frankfurter Allgemeine Zeitung an Die Zeit an ass Coauteur vu Bicher a Guiden iwwer lëtzebuergesch Landschaften a Stied. Ufank den 1990er Jore war hien donieft och Chefredakter vun der Zäitschrëft Voilà Luxembourg.[1]
Hien huet Bicher an Ausstellunge mat Fotoe vu Lëtzebuerg an dem Saarland gemaach, déi aus engem Waarmloftballon geholl goufen.
Hien ass de Brudder vum Schrëftsteller Georges Kieffer a wunnt mat senger Famill zu Bech.