Romi Roth
lëtzebuergesch Véidoktesch / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Romi Roth, gebuer den 21. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Veterinärin a fréier Politikerin (CSV).[2]
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Romi Roth | |
---|---|
Gebuer |
21. Mee 1958 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Véidokter |
Partei | CSV |
Famill | |
Papp | Lex Roth |
Zoumaachen
D'Romi Roth praktizéiert zënter 1985 zu Lëtzebuerg als Veterinärin.[1]
Vun 1994 bis 1999 war d'Romi Roth Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[3] Si huet bei de Chamberwale vum 14. Juni 1994 op der Lëscht vun der CSV kandidéiert, gouf awer net gewielt.[4] Si ass awer den 12. Februar 1998 als Deputéiert an d'Chamber nogeréckelt, wéi de Luc Frieden Minister gouf, a si huet dat Mandat bis 1999 behal.
Si ass d'Duechter vum Lex Roth an d'Cousine vum Gilles Roth.[5] Si huet zanter Joren eng reegelméisseg Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg an eng Rubrik am Luxemburger Wort zu Theme vun der Déieremedezin.