Roskosmos
Raumfaartagentur vum Russesche Staatebond / From Wikipedia, the free encyclopedia
Roskosmos (Роскосмос) ass d'Raumfaartagentur vum Russesche Staatebond. D'Agentur ass fir den ziville Raumfaartprogramm vum Land zoustänneg an huet hire Sëtz am Stärestiedchen no bei Moskau. Si gouf 1992 no der Opléisung vun der Sowjetunioun an der Grënnung vum Russesche Staatebond gegrënnt an huet déi néideg Ressource vun der sowjetescher Raumfaart iwwerholl. Fréier Nimm vun der Agentur sinn RKA (Rossijskoje Kosmitscheskoje Agenstwo), RAKA (Rossiiskoje Awiazionno-Koswitscheskoje Agenstwo) an Rosaviakosmos.
Leeder vu Roskosmos ass zanter 2010 Uewerbefeelshaber vun de Raumsträitkräften Wladimir Alexandrowitsch Popowkin. Roskosmos benotzt aktuell zwou Raumfaartgaren: Plessezk bei Archangelsk a Russland, dat vum russesche Staatebond laangfristeg zu der Haaptbasis ausgebaut soll ginn, souwéi Baikonur am Kasachstan, d'Haaptbasis vun der sowjetescher Raumfaart. Fir d'benotzen vu Baikonur mussen op Basis e Pachtvertrag Steieren un Kasachstan bezuelt ginn. Als méiglech Alternativ zu Baikonur gouf Swobodny am wäiten Oste vu Russland a Betruecht gezu ginn. Vill Rakéite goufen och vum Startkomplex Kapustin Jar op der Wolga fortgeschoss.
Laang Zäit gouf d'Raumstatioun Mir vun der russescher Raumfaartagentur gefouert, déi sech trotz Finanzéierungsschwieregkeeten nach aacht Joer méi laang wéi virgesinn am Déngscht gehalen hat. Si gouf den 23. Mäerz 2001 opginn, well een sech op d'ISS konzentréiere wollt.
Zanter der Astellung vum Space-Shuttle-Programm bedeelegt Russland sech elo haaptsächlech beim Ravitaillement vun der ISS, woubäi Sojus-Rakéite mam Sojus-Raumschëff a mam Progress-Raumtransporter agesat ginn.
Roskosmos ass Vollmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).