Société des naturalistes luxembourgeois
lëtzebuergesch Organisatioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Société des naturalistes luxembourgeois, ofgekierzt SNL, regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d. h. Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. D'Gesellschaft, déi 1890 gegrënnt gouf, huet hiren offizielle Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mat ronn 400 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.
D'S.N.L. publizéiert zanter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, an där Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, verëffentlecht ginn. 124 Bänn si bis 2022 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzege lëtzebuergesche Périodique scientifique, dee reegelméisseg erauskënnt. All Artikelen, vun 1891 bis elo, kënne vun der Websäit vun der SNL erof geluede ginn.[1]