Suzie Godart
lëtzebuergesch Vëlossportlerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Suzie Godart-Hary, gebuer den 20. Juli 1962 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Vëlossportlerin, déi bei Stroossecoursse souwéi am Cyclo-Cross an am Mountainbike aktiv ass.
Suzie Godart | |
---|---|
Gebuer |
20. Juli 1962 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Schoulmeeschter |
Famill | |
Papp | Armand Hary |
Se huet eréischt mat 32 Joer ugefaange mam Vëlossport. Se war uechzéngmol lëtzebuergesch Meeschterin, dovu sechsmol am Cyclo-Cross, néngmol am Mountainbike an dräimol op der Strooss.
Si ass d'Mamm vun der Trixy Godart a vum Fränz Godart an d'Duechter vum Armand Hary. Hire Mann ass de Marc Godart, sportlechen Direkter beim Team Differdange - Losch.
Vu Beruff ass d'Suzie Godart Léierin a se bitt an deem Beräich och speziell Coursë fir d'Kanner aus der Grondschoul un, fir datt déi Vëlofuere léieren. De Programm « Bicycool: Sécher a mat Freed Vëlo fueren » gëtt an Zesummenaarbecht vum SCRIPT organiséiert[1].