São Vicente (Cap Vert)
From Wikipedia, the free encyclopedia
São Vicente (Ilha de São Vicente - "Insel vum Hellege Vinzenz") ass eng 227 km² grouss Insel am Atlanteschen Ozean, déi zu der nërdlecher Inselgrupp Ilhas de Barlavento ("Inselen iwwer dem Wand") vum Cap Vert gehéiert. Si läit tëscht den Insele Santo Antão a Santa Luzia, ronn 640 Kilometer westlech vun der Côte vun Afrika. D'Hafestad Mindelo dominiéert d'Insel, soss gëtt et just nach zwou kleng Uertschaften an e puer Week-end-Haisercher.