Cap Vert
Inselstaat op der Westküst vun Afrika / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Cap Vert (op Portugisesch: República de Cabo Verde) ass en Archipel an Inselstaat op der Westküst vun Afrika, 570 Kilometer westlech vum Senegal an zirka 1300 Kilometer südlech vun de Kanareschen Inselen. Déi 10 Inselen hunn zesumme 4.036 Quadratkilometer an et gëtt tëscht zwou Gruppen ënnerscheet:
- d'Inselen iwwer dem Wand (ilhas barlavento) Santo Antāo, Sāo Vicente, São Nicolau, Sal, Boa Vista an déi onbewunnt Santa Luzia;
- d'Inselen ënner dem Wand (ilhas sotavento) Maio, Santiago, Fogo a Brava.
República de Cabo Verde Republik Cap Vert | |||||
| |||||
National Devise: "Paz, Trabalho, Pátria" (lëtz.: Fridden, Aarbecht, Heemecht) | |||||
Offiziell Sprooch: | Portugisesch | ||||
Haaptstad: | Praia | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | José Maria Neves | ||||
• Premierminister: | Ulisses Correia e Silva | ||||
Fläch: | 4.033 km² | ||||
Bevëlkerung: | 512.096 (167.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 123,7/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 5. Juli 1975 (vu Portugal) | ||||
Nationalhymn: | Cântico da Liberdade | ||||
Wärung: | Kapverdianeschen Escudo | ||||
Zäitzon: | UTC -1h | ||||
Internet TLD: | .cv | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+238 | ||||
Vun den zéng Insele sinn der néng bewunnt. Haaptstad ass Praia op der Insel Santiago mat zirka 114.000 Awunner. Op d'Insele kënnt een iwwer d'Waasser vu portugiseschen a senegaleeseschen Häfen aus, oder mam Fliger iwwer ee vun de véier internationale Fluchhäfen, zu Praia, São Vicente (Mindelo), Boa Vista oder Sal.