Südspidol
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Südspidol ass e Projet vun engem neie Spidolsgebai, dat zu Esch-Uelzecht, am Quartier Raemerech, um Flouer Elsenbrich, laanscht d'Dipbech, geplangt ass. Den Entworf ass vum Architektebüro Albert Wimmer ZT-GmbH vu Wien[1][2]
D'Finanzéierungsgesetz gouf den 12. Juli 2018 eestëmmeg vun der Chamber ugeholl. Fir de Bau goufe ronn 542 Milliounen Euro ageplangt, wouvun 80% vum Staat an 20% vun der CNS iwwerholl ginn.[3]
Geplangt sinn ë. a. 583 Better (wouvun der 81% an 1-Bett-Zëmmere stoe sollen), 16 Operatiounssäll a 4 Gebuertssäll.[3]
D'Aarbechte waren ufanks vun 2019 bis 2023 virgesinn.[2] Uganks 2020 gouf den Datum fir d'Enn vun den Aarbechten op 2026 nei festgeluecht.[4] Ma am September 2021 huet de Verwaltungsrot vum CHEM de Kontrakt mam Architektebüro 'wéinst schlechtem Zäitplang an ontransparente Käschte' gekënnegt. Dat bedeit, datt d'Südspidol fréistens 2031 fir Patienten opgoe wäert.[5]
D'Südspidol soll, wann et fäerdeg ass, déi dräi eeler Gebaier vun der Grupp Centre hospitalier Emile-Mayrisch ersetzen.