Vinci (Entreprise)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Vinci, fréier Société Générale d'Entreprises (SGE), ass déi zweetgréisst Firma op der Welt an der Konzessiouns- a Bauindustrie a beschäftegt ronn 222.400 Leit weltwäit[1].
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Entreprise. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Vinci. |
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
Zoumaachen
D'Aktivitéite vu Vinci sinn a fënnef Geschäftszentren organiséiert: Vinci Autoroutes, Vinci Concessions, Vinci Energies, Eurovia a Vinci Construction. Am Joer 2019 war d'Firma a méi wéi 100 Länner present an hiren Ëmsaz louch bei 48,053 Milliarden Euro[2].