Wale fir d'Europäescht Parlament 1989 (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1989 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1989-1994 vertrueden hunn.
Si goufen den 18. Juni 1989 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1989, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
D'Sëtzverdeelung tëscht de Parteien huet sech par Rapport zu 1984 net verännert.